Loading ...
comité alstad

1924-2007 100e anniversaire de naissance Julien Hoffmann

Concert-souvenir

11-06-2024

Cercle Cité
Place d'Armes
L-1136 LUXEMBOURG
Luxembourg


Short description:

(This text does not exist in English.)

Perséinlechkeeten aus der Alstad

Julien Hoffmann
Organist „op Dominikaner“
Éiremember vum ...
more

share: 
 
 

Description

(This text does not exist in English.)

Perséinlechkeeten aus der Alstad

Julien Hoffmann
Organist „op Dominikaner“
Éiremember vum Comité Alstad

De Julien Hoffmann gouf den 31. Mee 1924 um N° 8 an der "Casinosgaass", der haiteger „Côte d'Eich“ gebuer. An den 1930er Joere gouf hie Schüler vum Louis Petit fir de Solfège a vun der Pëppi Beicht fir de Piano. Den Zweete Weltkrich huet dem jonke Museker säin Elan gestoppt; wat méi schlëmm ass, d‘Zwangsrekrutéierung huet zu enger ellener Verletzung un der lénker Hand gefouert. 1945 huet de Julien Hoffmann nees direkt beim Richy Muller an deelweis beim Me Albert Leblanc weider studéiert.
1945, gläich no Krichsenn, huet de Julien Hoffmann an de Johny Pleger de "Lëtzebuerger Heemechtstheater" gegrënnt, esou ze soen als Reaktioun géint d'Ënnerdréckung am Krich.
Obschonn de Julien Hoffmann en 1. Präis um Piano vum Conservatoire vu Bréissel hat, ass him bewosst ginn, datt duerch seng Krichsverletzung un der Hand aus senger geplangter Carrière als professionnelle Pianist näischt géif ginn.
Also huet hien eng aner musikalesch Disziplin erausgesicht : de Gesank.  No engem Studium beim Gustav Simon zu Lëtzebuerg an zu Saarbrécken bei der Sibylle Fuchs, huet hie säi Studium um Mozarteum zu Salzburg ënnert der Regie vum Prof. Dr. Ernst Reichert weidergefouert, mat Schwéierpunkt „Lied“ an „Oratorium“. Gläichzäiteg huet hien d'Konscht vun der Kompositioun an d'Technik vum Dirigéieren zu Salzburg beim Domkapellmeister Joseph Messner an zu Graz beim Johannes Walter geléiert.
De Julien Hoffmann huet och der Lëtzebuerger Kierch op exemplaresch Manéier gedéngt. Sou war hie vun 1938 bis zur Nazi-Invasioun, Organist a Sänger bei de Redemptoristen an der „Paterekierch“ an der Stad, Hien huet sech an d’Maîtrise vun der Kathedral gemellt, wou d‘Zwangsrekrutéierung am Januar 1943 sengen Aktivitéiten en Enn gesat huet. Vun 1945 un, no sengem Retour aus dem „Internierungslager“ vu Flüele-Altdorf an der Schwäiz, huet hien seng Aktivitéiten an der Kathedral erëm opgeholl. Vun 1948 bis 1958 war hien Organist zu Hamm, huet gläichzäiteg d’Masse vun de Schüler vun den „Arts  & Métiers“, dem „Lycée de Jeunes Filles“, dem „Lycée de Garçons“ an dem Stater Kolléisch, dem „Athénée Grand Ducal“ op der Uergel begleet.
Vun 1958 bis den 1. Februar 1988, wor de Julien Hoffmann Organist an der Méchelskierch um Fëschmaart.
Ale Quellen no hat d'Méchelskierch um Fëschmaart schon 1609 eng Uergel, déi wärend der franséischer Revolutioun als « bien public » versteet gouf.
Déi haiteg Uergel an der Méchelskierch gouf ëm 1662 gebaut, ursprénglech fir eng vill méi héich Kierch, nämlech déi fréier « Knuedler-Kierch » vun de Franziskaner. An der franséischer Revolutioun gouf se do ofgebaut a koum 1803 op de Fëschmaart, wou déi zwou Fassaden, Haaptuergel a Positiv, no Maaslännescher a Brabanter Traditioun iwwerlagert an an d'Balustrade vum Ducksall agebaut goufen, mat der Tastatur hannendrun.
D'Uergel gouf ëm 1894 vum Dalstein an Haerpfer vu Boulay ëmgebaut an no 1934 vun der Manufaktur Haupt vu Lëntgen op pneumatesch Traktur erneiert. 1959 gouf decidéiert, déi zwou Fassaden ze trennen an d'Päifen an engem „Réck-Positiv“ ënner ze bréngen, esou dass sech de Spilldësch  „à la française“ haut tëscht dem Positiv an der grousser Uergel befënd.
De Julien Hoffmann huet seng Organiste-Carrière an der Méchelskierch nach op der pneumatescher Uergel, mat dem Spilldësch säitlech, ugefaang a konnt sech 1971 op e wonnerbart neit barockt Instrument aus der Uergelfabrik vum Georg Westenfelder zu Lëntgen freeën.
Mat fielsefestem Glawen huet de Julien Hoffmann dat Bescht vu senge ville Kompositiounen der reliéiser an helleger Musek gewidmet, en ass souguer esou wäit gaang, reliéis Texter ze verfaassen, ier se a Musek gesat goufen.
Mat der „Chorale Jong Lëtzebuerg“, déi hie 1966 mat jonke Sängerinnen a Sänger aus dem Meedercheslyçée an aus dem Stater Kolléisch gegrënnt huet, goufen zu Lëtzebuerg an am Ausland bemierkenswert Concerten a Concerts-Tournéeën organiséiert. Bis de 6. Januar 1991 wor de Julien Hoffmann Dirigent vun der „Chorale Jong Lëtzebuerg“ a gouf duerno zum Éierendirigent ernannt. De Julien Hoffmann huet mat sengem Comité d'Gestioun vu „séngem Chouer“ gemaach an a kuerzer Zäit sollt hien him, dee weit iwwert ons Grenzen ewech bekannt wor, eng fest Plaz ënnert de beschte Chéier am Land sécheren.
Laang viru „Jong Lëtzebuerg“ war de Julien Hoffmann och Dirigent bei  der Chorale „Fräiheet“ zu Gaasperech, „Roude Léiw“ um Houwald, „Caecilia“ zu Walfer a beim eelste Stater Männerchouer, dem „Sang a Klang“ am Pafendall.
 
Den 1. Oktober 1988 ass de Julien Hoffmann a déi verdéngte Pensioun gaang. Mee den Doud vu senger léiwer Fra Mariandl Kargl sollt esou déif Narben hannerloossen, dass fir hie joerelaang d'Liewe kaum liewenswierdeg war, bis op de Punkt, datt hie säi musikalescht Schaffen bal komplett opginn hat. Et wor nëmmen d'Unioun zu senger zweeter Fra Nelly, déi him d'Liewensfreed, d'Begeeschterung fir d'Kompositioun an déi onfeelbar Dynamik zréckginn huet.
De Julien Hoffmann huet Dosende vu Chouerwierker an eng Onmass Arrangementer geschriwwen,  lëschteg a populär Lidder op eng nei Manéier, a séngem eegene Stil, komponéiert, grad esou wéi eng Heedewull reliéis Kompositiounen hannerlooss.
De Julien Hoffmann war Papp vun zwee Kanner: dem Yannchen, seng Duec déi ganz vill vum musikaleschen Talent a Gefill vun hierem Papp geierft huet, an hire Brudder Julien jr., deen de 6. Juni 2007 gestuerwen ass.
De Comité Alstad gedenkt dem Julien Hoffmann 2024 zu sengem 100. Gebuertsdag, mat engem reliéisen Erënnerungs-Concert an der Méchelskierch an engem weltlechen Muséksowend mat Spaass a Gesank am Kapuzinertheater, onsem „Heemechtstheater“.
Guy Jourdain
 

11-06-2024 - 20:00
100e anniversaire de naissance Julien Hoffmann
Cercle Cité
 
Price category Cat. 1
full price
 
Price category Cat. 1
reduced: youth <26