Wird geladen ...
thumb_D-Julie_an_der_Aprikosejong_001_copyright_boshua__main

D´Julie an den Aprikosejong

Théâtre

12.05.2024

Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

D'Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säfteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

D'Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säfteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen

Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d'Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert. Mee well d'Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d'Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hatt hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht.

An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft ...

Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht „The Little Girl That Knew Better", (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.


Mam: Mady Durrer, Rosalie Maes, Luc Lamesch

Text: Cosimo Suglia                      

Regie: Daliah Kentges                    

Assistenz: Laetitia Lang             

Bünebild a Kostümer: Anouk Schiltz         

Luuchten: Antoine Colla                                                

Musek: Arthur Possing                   

Koproduktioun: Théâtre du Centaure, KHN, Kinneksbond Mamer

12.05.2024 - 10:30
D'JULIE AN DEN APRIKOSEBAM
Kulturhaus Niederanven
 
Preiskategorie Cat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 1
Jugendliche <26 (web)