Chargement ...
thumb_Wanterconcert-WEB-crop_main

WANTERCONCERT

19/12/2026

Mierscher Theater
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Courte description:

(Ce texte n'existe pas en français.)

D’Mierscher Musek invitéiert iech häerzlech op hiren traditionelle Wanterconcert. Fir op déi gemittlech Joreszäit anzestëmmen, bitt d’Musek an hire ...
plus

partager : 
 
 

Description

(Ce texte n'existe pas en français.)

D’Mierscher Musek invitéiert iech häerzlech op hiren traditionelle Wanterconcert. Fir op déi gemittlech Joreszäit anzestëmmen, bitt d’Musek an hire Jugendensembel e stëmmungsvolle Programm: vu klassescher Marschmusek iwwer Solostécker, bei deenen de Fagottist Fränz Schroeder déi wonnerbar Kläng vu sengem Instrument zum Beschte gëtt, bis hin zu enger musikalesch ënnerluechter Erzielung vun The Night Before Christmas, virgedroe vum Claude Haubrich.


Originalkompositioune wéi The Cry of the Last Unicorn an exzellent Transkriptioune wéi dem Edvard Grieg säi March of the Trolls däerfen dobäi natierlech net feelen.


Den zweeten Deel vum Owend gëtt dëst Joer vun eisem Éieregaascht, der Harmonie Gemeng Mamer, presentéiert. Si bidden iech e spannende Programm aus der Harmonieorchester-Literatur an entloossen iech uschléissend wonnerbar agestëmmt an d’Chrëschtdeeg.

19/12/2026 - 20h00
WANTERCONCERT
Mierscher Theater
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal