Chargement ...
thumb_Kichegerabbels-c-Bohumil-Kostohryz_03-WEB_main

Kichegerabbels

25/04/2027

Cube 521
Driicht
L-9764 MARNACH
Luxembourg


Courte description:

Récit musical avec musique de chambre et cuillères en bois. En luxembourgeois.


Séance scolaire : LUN, 26.04.2027 | ...
plus

partager : 
 
 

Description

Récit musical avec musique de chambre et cuillères en bois. En luxembourgeois.


Séance scolaire : LUN, 26.04.2027 | 10h00

Relaxed Performance : LUN, 26.04.2027 | 14h15


Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!


Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…


„Kichegerabbels“ verbënnt d’Wierk „La Revue de Cuisine“ vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn.



„Relaxed Performance“ : Wat ass dat ?

Eng Relaxed Performance riicht sech un e Publikum, dee vun enger inklusiver an entspaanter Atmosphär ronderem a wärend engem Bünespektakel profitéiert, besonneg u Mënschen mat spezifesche Besoin’en, zum Beispill mat enger kierperlecher oder kognitiver Behënnerung, mat Konzentratiounsschwieregkeeten, Angschtstéierungen oder och chronescher Péng. De Begrëff dréckt aus, dass all eenzelne Mënsch am Theater- oder Kulturraum Wëllkomm ass, ouni iwwert séng perséinlech Grenze mussen eraus ze goen. De Begrëff gëtt ausserdem och fir Virstellunge fir ganz kleng Kanner an hier Eltere benotzt.


Zu de Méiglechkeete vun enger Relaxed Performance kënnen e.a. gehéieren: méi Beweegungs- an Expressiounsfräiheet, en adaptéiert Toun- a Beliichtungskonzept, eng individuell Betreiung virun a wärend der Virstellung, Réckzuchs-Uerter an eng detailléiert Informatioun am Viraus.

25/04/2027 - 16h00
Kichegerabbels
Cube 521
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif jeune <26