Chargement ...
thumb_DSC0046_WEB_main

GENUCH ZE DINN

03/12/2026 - 04/12/2026

Mierscher Theater
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Courte description:

(Ce texte n'existe pas en français.)

Samuel Hamen, Liss Scholtes


Et gëtt „genuch ze dinn“ - an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt: Eng jonk ...
plus

partager : 
 
 

Description

(Ce texte n'existe pas en français.)

Samuel Hamen, Liss Scholtes


Et gëtt „genuch ze dinn“ - an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt: Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d'Literatur?


An der Mise en scène vun der Liss Scholtes Gatt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin sech reklaméiert. D’Anne Klein als Entrepreneuse flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt un engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren.

03/12/2026 - 20h00
GENUCH ZE DINN
Mierscher Theater
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif jeune <26
04/12/2026 - 20h00
GENUCH ZE DINN
Mierscher Theater
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif jeune <26