Chargement ...
thumb_De_Spada_am_Stadhaus_-_Voyage__voyage__c__Joanna_Hudyka_main

De Spada am Stadhaus

Voyage, voyage

09/12/2026

Aalt Stadhaus
38 AVENUE CHARLOTTE
L-4530 DIFFERDANGE
Luxembourg


Courte description:

(Ce texte n'existe pas en français.)

E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës sechst Editioun ass „Voyage, ...
plus

partager : 
 
 

Description

(Ce texte n'existe pas en français.)

E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës sechst Editioun ass „Voyage, voyage“ an Dir sidd all agelueden, mat op d’Rees ze goen. Et erwaarden Iech eng All-Inclusive-Show mat e puer Turbulenzen, engem Buffet vu Witzer, déi net ëmmer sou gemengt sinn, an Dir trotzdeem laache musst an engem Moderator, deen am léifsten ouni Gepäck reest.


En Owend iwwer d’Reesen, d’Fortgoen, d’Ukommen an dat komescht Gefill, ni ganz do glécklech ze sinn, wou ee grad ass. Iwwer d’Vakanz, déi een dréngend brauch, déi awer heiansdo méi Stress mécht wéi d’Aarbecht. Iwwert krank ginn, wann een endlech net méi schaffe muss. Iwwer schwéier Wallissen, falsch Hoteller, richteg a schlecht Entscheedungen an déi grouss Fro: Muss een eigentlech ëmmer fort, fir bei sech selwer unzekommen? Oder kënnt een endlech un, wann een net méi bei sech ass?


Et gëtt kommentéiert, analyséiert, gelaacht a vläicht esouguer gekrasch, an dat virun allem, wann een un d’Präisser vum Schampes um Fluchhafen denkt. 


Eng Non-Stop-Live-Performance op der Bün mat engem meeschtens okay gelaunte Moderator.


An natierlech sinn och, wéi gewinnt, d’Burrito Bléiser mat dobäi, déi dofir suergen, datt den Owend op kee Fall dohi geet, wou en eigentlech sollt.


09/12/2026 - 20h00
De Spada am Stadhaus
Voyage, voyage
Aalt Stadhaus
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif étudiant
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif jeune <18
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif senior