Chargement ...
thumb_23251_1000_1000_0_0_crop_main

Alles a Fränjelen

Kabaret Sténkdéier

06/03/2027

CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK
Luxembourg


Courte description:

(Ce texte n'est pas disponible en version française.)

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout! Europa ass ugezielt an hänkt an de ...
plus

partager : 
 
 

Description

(Ce texte n'est pas disponible en version française.)

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout! Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi. Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst Selfie mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter. A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren. Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder! A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! „Alles a Fränjelen“, een Owend dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et méiglech ass.






Générique :


Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher : Spill

Roland Meyer : Texter, Regie

Camille Nanquette : Musek

Bruna Gorza, Joe Heintzen : Regieassistenz

Joe Heintzen : Inspizienz

06/03/2027 - 19h30
ALLES A FRÄNJELEN
Kabaret Sténkdéier
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif jeune <26
 
Catégorie de prix Cat. 1