Lidder fir ze Schneeken - Fir Kleng a Grouss
02/07/2023
Kulturhaus Niederanven
ROUTE DE TREVES 145
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform, a kënne mat guddem ...
plus
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform, a kënne mat guddem Gewëssen op hire Bauch lauschteren. Lo gëtt gutt gejickt a geschneekt... hmm! Pechege Kachkéis, en Zappee, eng laaaaaaang Zoossiss a ganz vill Schockela.
Bekannte Vollekslidder & Songs vum Auguste Donnen, René Pütz, Georges Urwald, Jenny Hilger, Ralph Kilburg a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus de leschte Joerzéngte vun de Beatles, Little Richard, Limahl, Harry Belafonte, Alphaville & dem King: Elvis Presley.
Di erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Pop-Songs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en 3ten Deel. Fir jidderee vu 4 Joer un.
De Kapitän a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen, ze danzen an ze schneeken.
Dëst Joer si Kanner, déi schwéier héieren oder daf sinn, extra wëllkomm op eise Concerten, well mer se mat Hëllef vum Véronique Wagner-Steinmetz och an der Gebäerdesprooch presentéieren.
Iddi, Konzeptioun a Gesang: Dan Tanson
Akkordeon, Piano, Glackespill, Gesang, musikalesch Leedung, Arrangementer: Georges Urwald
Gei, Gesang: Moémie Leer
Bassgei, Backing Vocals: Tom Wiot
Getrommels, Programmatioun, Gesang: John Wolter
Sopransaxophon, Altsaxophon, Backing Vocals: Jessica Quintus
Gitarr: Christian Peckels
Trompett: Jhang Kohnen
Trombonn: Patrick Kim Wilhelm
Gebäerdesprooch: Véronique Steinmetz
Luucht: Bert Marijsse
Choreographie: Nathalie Moyen
Tountechnik: Georges Majerus
Produktionsleedung: Arend Herold
Bléck vu baussen: Milla Trausch
Bün: Amplitude s.a.r.l.
Kostümer: Anne-Marie Herckes
Illustratiounen, Animatiounen: Claude Grosch
Produktioun: AllerRetour a.s.b.l., Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun: Escher Theater, Aalt Stadthaus Differdange, Trifolion Echternach
Mat der Ënnerstëtzung vum: Ministère de la Culture