Chargement ...
Krunnemécken

Krunnemécken

04/12/2019

opderschmelz - Centre culturel régional Dudelange
rue du Centenaire 1a
L-3475 DUDELANGE
Luxembourg


Courte description:


Zwee exklusiv lëtzebuerger Lidderowender an eiser DudeLounge! D'Plaze si wéi ëmmer limitéiert, dofir sëchert Iech séier Är ...
plus

Description


Zwee exklusiv lëtzebuerger Lidderowender an eiser DudeLounge! D'Plaze si wéi ëmmer limitéiert, dofir sëchert Iech séier Är Ticketen.



D'Krunnemécke sinn zwee lëschteg Panzpianisten, déi sech selwer als Stroossemuseker verstinn. Si sinn op ville Volleksfester uechter d'Ländchen ënnerwee a ginn hir lëtzebuerger Lidder tëscht a mat de Leit zum Beschten.



Heiansdo zitt et si awer och op eng Bu?hn. Nieft de méi bekannte Stëmmungslidder kënne si hei och méi roueg, nodenklech Stécker spillen. Fir de Concert "op der Schmelz? hunn d'Krunnemécken d'Gebridder Guillaume invitéiert. Déi zwee Museker Luc "Gig" an Misch sinn als Sänger a Gittariste mat hirem Orchester "Dëppegéisser" ville Leit bekannt. Um Programm sti nieft bekannte Klassiker aus dem lëtzebuerger Lidderepertoire och e puer méi rar Pärelen souwéi nei Stécker, déi extra fir dësen Owend geschriwwe goufen.



Kommt, lauschtert a sangt mat den zwou Krunnemécken Claus Ben an Eric Falchero.



Distribution:


Ben Claus, Akkordeon, Gesang



Eric Falchero, Akkordeon, Piano, Gesang



Luc "Gig? Guillaume, Gittar, Gesang



Misch Guillaume, Gittar, Gesang


04/12/2019 - 20h00
KRUNNEMÉCKEN
opderschmelz - Centre culturel régional Dudelange
 
Catégorie de prix Cat. 1
Tarif nomal
Pour tout tarif réduit (enfants, étudiants, autres) veuillez contacter le +352 47 08 95-1 ou vous présenter dans un de nos points de vente.