Loading ...
thumb_212379604_272887134634736_3422099195299575464_n_main

Zizou a Zazou

En Theaterstéck fir zwou Spillerinne

15-03-2024 - 16-03-2024

ArcA Bertrange
17 rue Atert
L-8051 BERTRANGE
Luxembourg


Short description:

(This text does not exist in English.)

D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame ...
more

share: 
 
 

Description

(This text does not exist in English.)

D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame Wee zréck, virun deems den noen Doud si endgülteg vuneneen erléise soll.


Gefaangen an engem zouene Raum, mussen si sech mat den Decisiounen ausernee setzen, déi hiert Liewe bestëmmt hunn. Am Häerz vun enger scheinbar klassescher Frëndschaft entwéckelt sech eng surreal Rees duerch d’Landschafte vun Dreem an Erënnerungen,


Wënsch an Enttäuschungen, eng Rees, déi de Courage vun den zwee Personnagen op d’Prouf stellt. Kënnt zum Schluss nach eng befreiend Erkenntnes, oder ass et einfach op eemol eriwwer, matzen am ugefaangene Saz?


Zizou a Zazou gouf kreéiert mat der Ënnerstëtzung vun der Bourse Edmond Dune -

Bourse d’aide à l’écriture théâtrale vum Fonds Culturel National an hat den 1. Juli 2021 am Carré Hollerich Première.


Mam Frédérique Colling a Catherine Elsen

Konzept an Text : Frédérique Colling, Catherine Elsen, Claire Wagener

Regie : Claire Wagener

Luucht : Marc Thein

Eng Produktioun vun Independent Little Lies – ILL mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture an der Stad Esch-Uelzecht.


enjoy.bertrange.lu

15-03-2024 - 15:00
Zizou a Zazou
ArcA Bertrange
 
Price category Cat. 1
full price
 
Price category Cat. 1
reduced: youth <18
16-03-2024 - 20:00
Zizou a Zazou
ArcA Bertrange
 
Price category Cat. 1
full price
 
Price category Cat. 1
reduced: youth <18