Loading ...
thumb_1schnC3A9iwC3A4iss20mC3A4nner20compressC3A9_main

Schnéiwäiss Männer

De Guy Rewenig an de Claude Conter D. Conter liesen

23-04-2023

Théâtre National du Luxembourg (TNL)
ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG
Luxembourg


Short description:

(This text does not exist in English.)

Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, ...
more

share: 
 
 

Description

(This text does not exist in English.)

Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass.

 

D‘Rees vun de fréier Schoulkollegen an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.

Schnéiwäiss Männer ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch, dat 2020 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d'CNL-Liesrees am Fréijoer 2021 an der Nationalbibliothéik zu Gaascht war. Deemools hat de Guy Rewenig de Claude D. Conter gefrot, fir e puer kuerz Passagen aus Schnéiwäiss Männer matzeliesen. Dat huet hinnen an och dem Public sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, zesumme mol méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. D'Première vun hirer Lies-Performance den 1. Dezember 2021 am CNL zu Miersch war direkt ausgebucht, vill Leit kruten deemools keng Plaz méi.

Duerfir kommen elo déi ”schnéiwäiss Männer” an den TNL a lästeren, knadderen, philosophéieren a geckse 70 Minutte laang, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.

 

 

23-04-2023 - 17:00
SCHNÉIWÄISS MÄNNER
Théâtre National du Luxembourg (TNL)
 
Price category Cat. 1
full price