Loading ...
Lager-103-WEB_main

LAGER 103

FILMPROJEKTIOUN

23-11-2025

Mierscher Theater
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Short description:

(This text does not exist in English.)

Nodeems déi däitsch Zivilverwaltung Enn August 1942 d’Wehrpflicht deklaréiert huet, kënnt et zu engem Streik, dee grouss Deeler vum Land erfaasst huet. ...
more

share: 
 
 

Description

(This text does not exist in English.)

Nodeems déi däitsch Zivilverwaltung Enn August 1942 d’Wehrpflicht deklaréiert huet, kënnt et zu engem Streik, dee grouss Deeler vum Land erfaasst huet. Willkürlech léisst de Gauleiter Simon doropshi Leit erschéissen a setzt direkt duerno e präzis ausgeschaffte Plang ëm: d’Ëmsiidlung! All Widderstand soll gebrach ginn.

Scho méi laang ass d’Famill Arendt vu Recken bei Miersch den Nazien een Dar am A. Si ass nazifeindlech agestallt a verstoppt hir Astellung net. Den 19. September 1942 gi si als éischt Famill am Land a Schlesien ëmgesiidelt. Hinne bleiwe just e puer Stonne fir dat Néidegst anzepaken. Da kënnt e Bus si sichen.

D’Famill Arendt réckelt elo ganz no beieneen a verléiert zu kengem Moment hir Dignitéit a si léisst sech net verbéien. No engem längere Leidenswee kënnt d’Famill am Ëmsiidlungslager zu Boberstein un. An der Nazisproch: Lager 103! Vun Ufank u verlaangert d’Catherine Arendt no hirem Heemechtsduerf a wëll heem. Den 29. Dezember 1943 ass et esou wäit a si däerf d’Lager verloossen an zréck op Lëtzebuerg kommen. Mä et koum anescht... ganz anescht.

Lager 103: Wéi eng Famill am Joer 1942 vun hirem Haff verjot an an d’Friemd deportéiert ginn ass.


--


Dréibuch: Fred Mersch & Erny Kohn

Regie: Fred Mersch

Regieassistenz & Casting: Paul Kohn

Kostümer: Ada Funck

Mask: Charlotte Meyer

Toun: Max Noesen

Musek: Marie-Lou Clonan

Produktioun: Felix Steichen

Filmplakat: Kevin Kohn

Setphotographie: Mathilde Magne & Daniel Jordao

Schauspiller·innen:: Gilles Beaume, Wendy Funck, Benoît Geisen, Antoine Grimmé, Daniel Grimmé, Gene Kabali, Vic Kass, Erny Kohn, Malou Kohn- Meyer, Ivan Mersch, Lea Reinard, Will Schreurs, Lis Weiler, Matteo Wiltgen, Michel Zeimet, Lys Zimmer, Yves Zimmer

Sponsors: Œuvre Nationale de Secours Grande- Duchesse Charlotte, Commune de Mersch, Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch

23-11-2025 - 15:00
LAGER 103
FILMPROJEKTIOUN
Mierscher Theater
 
Price category Cat. 1
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.
23-11-2025 - 17:00
LAGER 103
FILMPROJEKTIOUN
Mierscher Theater
 
Price category Cat. 1
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.