Mat Lidder vum Josy Christen
08-02-2025
Artikuss
3 RUE JEAN ANEN
L-4413 SOLEUVRE
Luxembourg
(This text does not exist in English.)
LU
Eng gesongen a gespillte Satir
fir eng Fra an e Mann
voller
Léift an Haass ..... Emotiounen.....Verlaangeren.....
vu grousse Gefiller, Dreem an Illusiounen
…… oder awer en Drama
D’Geschicht erzielt vun enger Fra, déi hire Mann verléisst, an dovunner wéi déi Zwee mat der Situatioun an hiren Emotiounen ëmginn.
Dës Geschicht, eng gesonge Satir, gëtt op eng lëschteg awer och emol nodenklech Manéier mat Lidder vum Josy Christen opgefouert.
Interessant ass et fir ze gesinn, datt ee mat Lidder, déi virun allem fir Revue a Cabaret bestëmmt waren, eng komplett aner Richtung aschloen kann.
D’Texter vum Josy Christen goufen deelweils vum Erny Delosch vertount oder sinn op bekannte Melodien opgebaut. Vill vun dëse Lidder sinn haut „al Schanken“ anerer dogéint sinn och haut nach klassesch Evergreens a wäerten et och bleiwen. Awer fir eis Geschicht, e Konzept vum Guy Geimer, passen se alleguerten ewéi d’Fauscht op d’A.
Spill a Gesang Susy Lentz an Al Ginter
Piano Jeff Schmidt
Bünebild Marc Maas
Regie Guy Geimer
DE
Die Geschichte handelt von einer Frau, die ihren Mann verlässt, und wie die beiden mit der Situation und ihren Emotionen umgehen.
Aufführung in luxemburgischer Sprache !