Loading ...
DSC04736-2-1x1-WEB_main

GALACONCERT

EN OWEND VOLLER PASSIOUN A MUSIKALESCHER FREED

25-04-2026

Mierscher Theater
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Short description:

(This text does not exist in English.)

Mat grousser Freed invitéiert d’Mierscher Musek iech op hire Galaconcert – e musikaleschen High-light, wou Traditioun a Modernitéit Hand an Hand ginn. Den ...
more

share: 
 
 

Description

(This text does not exist in English.)

Mat grousser Freed invitéiert d’Mierscher Musek iech op hire Galaconcert – e musikaleschen High-light, wou Traditioun a Modernitéit Hand an Hand ginn. Den Owend gëtt opgemaach vum Jugendensembel vun der Mierscher Musek, dee mat frëschem Elan a vill Engagement weist, wéi vill Talent an hirer jonker Generatioun stécht.

Duerno iwwerhëlt d’Mierscher Musek selwer d’Bün a bréngt iech duerch en Owend voller Emotiounen, Klangfaarwen a musikalescher Exzellenz.

Loosst iech ufanks begeeschtere vun enger Auswiel u Märsch, Ouverturen a Harmonieorchesterwierker, déi d’Diversitéit an d’Kraaft vun der Musek ënnersträichen. Am zweeten Deel vum Owend wäert d’Mierscher Musek iech an déi opreegend Welt vum Film mathuelen. Erlieft zesumme mat de Musikant·innen imposant Filmmusek, grouss Blockbuster-Melodien an e Cartoon-Medley voller Iwwerraschungen.

Kommt a genéisst ee flotten Owend, dee sécherlech Grouss a Kleng begeeschtere wäert.


---


Mierscher Musek & Jugendensembel

Direktioun: Ben Brosius

25-04-2026 - 20:00
GALACONCERT
EN OWEND VOLLER PASSIOUN A MUSIKALESCHER FREED
Mierscher Theater
 
Price category Cat. 1
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.
 
Price category CHAISE ROULANTE - P.M.R.