Loading ...
2_Photo-officielle-Kabaret-Stenkdeier-2025_26-mat-Text_-Claude-Sibenaler_main

Et gëtt héich Zäit

Kabaret Sténkdéier

24-01-2026

Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg


Short description:

Sorry, this text doesn’t exist in English.

Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ...
more

share: 
 
 

Description

Sorry, this text doesn’t exist in English.

Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!


Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.

Mam: Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel, Luc Schumacher 

Texter: Roland Meyer 

Musek: Camille Nanquette 

Regie: Joe Heintzen 

Produktioun: Kabaret Sténkdéier 

Links

Website: https://www.stenkdeier.lu/

Facebook: @kabaret.stenkdeier

Youtube: @sibcl7

24-01-2026 - 19:30
KABARET STÉNKDÉIER - ET GËTT HÉICH ZÄIT
Kabaret Sténkdéier
Kulturhaus Niederanven
 
Price category Cat. 1
full price
 
Price category Cat. 1
reduced: youth <26