Loading ...
thumb_De_Spada_am_Stadhaus__c__Joanna_Hudyka_main

De Spada am Stadhaus

Gutt Laun

23-04-2025

Aalt Stadhaus
38 AVENUE CHARLOTTE
L-4530 DIFFERDANGE
Luxembourg


Short description:

Veranstaltungsort:


Aalt Stadhaus


Salle de spectacle


E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng ...
more

share: 
 
 

Description

Veranstaltungsort:


Aalt Stadhaus


Salle de spectacle


E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës Première ass „Gutt Laun“ an Dir sidd all ageluede matzemaachen a matzeschwätzen, wa Geschicht geschriwwe gëtt. Mir wëssen nach net genau, wéi eng Geschicht, awer et gëtt ganz sécher gutt.


En Owend wéi eng grouss Tut voller Chaos. D’Aktualitéit gëtt kommentéiert an analyséiert; et gëtt gespillt, gelaacht a villäicht souguer gekrasch. Grouss Emotiounen, eng Non-Stop- Live-Performance op der Bün, eng Showband an e wierklech meeschtens okay gelaunte Moderator.


Invitéiert fir déi éischt Editioun „De Spada am Stadhaus” sinn d’Rapperin Nicool, mä och de Menscherechtsaffekot Frank Wies a weider Iwwerraschungsgäscht, déi keng Geleeënheet ausloossen wäerten, fir déi trei Fans vum Kulturzentrum Aalt Stadhaus (hoffentlech) glécklech ze maachen.


23-04-2025 - 20:00
De Spada am Stadhaus
Gutt Laun
Aalt Stadhaus
 
Price category Cat. 1
full price
 
Price category Cat. 1
Senior rate