internationale Kanner- a Jugendchouerfestival
02-05-2026
Machera - Centre culturel Grevenmacher
Place du Marché aux Bestiaux
L-6731 GREVENMACHER
Luxembourg
Am Joer 2026 feiert de Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher säi 50. Anniversaire an dat mam groussen internationale Kanner- a Jugendchouerfestival « Sparkling Voices », deen den 1. an 2. Mee 2026 jonk Sängerinnen a Sänger aus Däitschland, Spuenien, Island an natierlech aus Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher zesummebréngt.
Den 2. Mee ass um 19 Auer de groussen Ofschlossconcert am Centre culturel « Machera » mam Dresdner Mädchenchor (D), Wolfratshauser Kinderchor (D), Skólakór Kársness (IS), Chorale Els Virolets (Palafrugell, ES), Pueri Conatores (L), Chorale Muselfénkelcher (L)