Wird geladen ...
Gala_2025_MM-18-WEB_main

WANTERCONCERT

E MUSIKALESCHEN OWEND VOLLER HARMONIE, WÄERMT A FESTLECHER STËMMUNG

20.12.2025

Mierscher Theater
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

An der kaler Joreszäit, wou d’Luuchten d’Nuechte verzauberen an d’Gemeinschaft méi no zesumme réckelt, invitéiert d’Mierscher Musek iech ganz ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

An der kaler Joreszäit, wou d’Luuchten d’Nuechte verzauberen an d’Gemeinschaft méi no zesumme réckelt, invitéiert d’Mierscher Musek iech ganz häerzlech op hiren traditionelle Wanterconcert.


Erlieft am éischten Deel vum Owend d’Mierscher Musek an hir Jugend a loosst iech mat eranzéien an déi festlech Wanterzäit. Genéisst nieft dynameschen Arrangementer fir Blosmusek och eng Selektioun vu bekannte Chrëschtdagsklassiker déi är Häerzer erwiermen an är Séil mat Freed erfëllen.


Am zweeten Deel huet d’Mierscher Musek d’Éier hir Nopere vu Lëntgen ze begréissen. Ënner der Leedung vum Dirigent Marc Loewen, bréngen déi ronn 30 Musikant·innen hire ganz eegene musikalesche Flair mat a verspriechen eng ofwiesslungsräich Prestatioun.


Kommt op en onvergiesslechen Owend a loosst iech iwwerzeege wéi gutt béid Museken harmonéieren.


---


Mierscher Musek & Jugendensembel

Direktioun: Ben Brosius

Lëntgener Musek

Direktioun: Marc Loewen

20.12.2025 - 20:00
WANTERCONCERT
E MUSIKALESCHEN OWEND VOLLER HARMONIE, WÄERMT A FESTLECHER STËMMUNG
Mierscher Theater
 
Preiskategorie Cat. 1
 
Preiskategorie CHAISE ROULANTE - P.M.R.
 
Preiskategorie CHAISE ROULANTE - P.M.R.