Wird geladen ...
thumb_Mockup_Spawecken-WEB_main

Spawecken

Liesung aus dem neie Roman vum Jemp Schuster.

18.10.2026

Cube 521
Driicht
L-9764 MARNACH
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

Liesung aus dem neie Roman vum Jemp Schuster mat musikaleschen Aspillungen vum Claire Parsons.


Schëldref an de Joren 1950 – ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

Liesung aus dem neie Roman vum Jemp Schuster mat musikaleschen Aspillungen vum Claire Parsons.


Schëldref an de Joren 1950 – 1991: A Schmadds hirem Päsch zu Schëldref steet den Ampeljong, en uralen Nëssert. A sengem Schiet geschéie ganz kuriéis Saachen. De Karel – am Duerf gëtt en de klenge Schmadd genannt – léisst sech aus Virwëlz eng Kéier vum Bam falen. En huet Chance, et geschitt em näischt, mee a senger Visioun huet eng schéi wäiss Fra en an engem groussen, sëlwerege Spaweck opgefaangen.


Déi Fra begleet e wéi e Gespenst duerch seng Dreem an duerch säin Alldag. Mat siwwenzéng Joer fält de Karel eng zweete Kéier vum Bam. Do geet et schif. E sëtzt fir de Rescht vu sengem Liewen am Rollstull a muss sech nei orientéieren.


An enger Wiedernuecht am Joer 1988 schléit de Blëtz an den Nëssert. Beim Opraume maachen se eng Entdeckung, déi Schmadds hir Familljegeschicht an en neit Liicht réckelt…

18.10.2026 - 17:00
Spawecken - Liesung aus dem neie Roman vum Jemp Schuster
Mat musikalescher Begleedung vum Claire Parsons
Cube 521
 
Preiskategorie Cat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 1
Jugendliche <26