Zanter 35 Joer maachen déi 2 renomméiertst Lëtzebuerger Gesangs- an Theaterkënschtler Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann d’Bünen uechter de Grand-Duché onsécher.
Wéi gewinnt, bidden déi zwee Artisten ee Programm voll Laachen a Kräischen, woubäi se des Kéier speziell op follgend Critère Wäert geluecht hunn:
Entweder ass den Text, oder d’Iwwersetzung, d‘Musek oder de Witz vun hinnen zwee….
“Mee dat ka mer jo lëschteg ginn !“, wäert Der bei Iech denken …. abee Dir kéint nawell Recht hunn ! D’Liewen ass ze kuerz fir dribséileg Owenter ze verbréngen oder beim aktuellen Televisiouns-Programm ze verknusperen….
Mir géifen ons freeën, Iech erëmzegesinn ….