Wird geladen ...
thumb_Letz-Lidderspezialit-iten_Web_cut_main

Lëtzebuerger Lidder-Spezialitéiten

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

25.09.2026

Centre culturel CELO Hesperange
route de Thionville
L-5886 ALZINGEN
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

Traditionell Lidder frësch arrangéiert – fir Chouer a Band


Traditioun trëfft op haut: De Lëtzebuerger Lidderchouer an ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

Traditionell Lidder frësch arrangéiert – fir Chouer a Band


Traditioun trëfft op haut: De Lëtzebuerger Lidderchouer an d‘Lidderchouerband presentéieren al Lidder an engem neie Mäntelchen.


Fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch huet de Lëtzebuerger Lidderchouer am Tirang gekroomt a wonnerbar „al Kamellen“ erëmfonnt. Erauskomm ass en Hommage un d’Land, u seng Leit, un d’Gefierer vun deemools an natierlech un d’Spezialitéite vun hei: De Chouer hëlt d’Publikum mat fir mam Jangli den Houwald eropzefueren, duerno geet et an de leschten Tram, et gëtt geDickst a geLenzt, d’Madammen aus der Sichegaass echaufféiere sech an et gëtt gutt gebafft a gedronk!


D’Gesellegkeet, d‘Iessen an de Pättche féieren als roude Fuedem duerch de Programm.


Lëtzebuerger Lidderchouer

Direktioun: Jeff Mack


Lidderchouer-Band

Jonah Pütz, Piano

Marc Demuth, Bassgei

Boris Dinev, Batterie

25.09.2026 - 20:00
Lëtzebuerger Lidder-Spezialitéiten
Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Centre culturel CELO Hesperange
 
Preiskategorie Cat. 1