Wird geladen ...
thumb_Capture-d-cran-Cabaret-Illusiounen-by-Laurent-Blum_main

Cabaret Illusiounen

17.12.2026

Centre culturel CELO Hesperange
route de Thionville
L-5886 ALZINGEN
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

Eng gesongen a gespillte Satir  fir eng Fra an e Mann voller 


Léift an Haass ..... Emotiounen.....Verlaangeren.....vu ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

Eng gesongen a gespillte Satir  fir eng Fra an e Mann voller 


Léift an Haass ..... Emotiounen.....Verlaangeren.....vu grousse Gefiller, Dreem an Illusiounen 

…… oder awer en Drama 


D’Geschicht erzielt vun enger Fra, déi hire Mann verléisst, an dovunner wéi déi Zwee mat der Situatioun an hiren Emotiounen ëmginn. 

Dës Geschicht, eng gesonge Satir, gëtt op eng lëschteg awer och emol nodenklech Manéier mat Lidder vum Josy Christen opgefouert. 


Interessant ass et fir ze gesinn, datt ee mat Lidder, déi virun allem fir Revue a Cabaret 

bestëmmt waren, eng komplett aner Richtung aschloe kann. 


D’Texter vum Josy Christen goufen deelweils vum Erny Delosch vertount oder sinn op 

bekannte Melodien opgebaut. Vill vun dëse Lidder sinn haut «al Schanken», anerer dogéint sinn och haut nach klassesch Evergreens a wäerten et och bleiwen. Awer fir eis Geschicht, e Konzept vum Guy Geimer, passe se alleguerten ewéi d’Fauscht op d’A. 


Et spillen a sangen d’Susy Lentz an den Al Ginter 

Musikalesch gi si begleet vum Jeff Schmidt  

D’Bünebild ass vum Marc Maas 

D’Regie mécht de Guy Geimer  


Dauer: ronn 70 Minutten + Paus

17.12.2026 - 20:00
Cabaret Illusiounen
Centre culturel CELO Hesperange
 
Preiskategorie Cat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 1
Jugendliche <26