Wird geladen ...
thumb_2021-04-24_Flott-Copyright20Lynn20Theisen_main

Georges Urwald & FLOTT

Presentatioun vum neien Album

29.01.2022

TRIFOLION Echternach
Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

Kompositioune vum Georges Urwald mat Texter op Lëtzebuergesch vun zäitgenësseschen Auteuren.

Si sangen, si spillen, si ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung

Kompositioune vum Georges Urwald mat Texter op Lëtzebuergesch vun zäitgenësseschen Auteuren.

Si sangen, si spillen, si kräischen, si laachen. Wierder a Musek iwwert d'Liewen, dat schéint an dat manner schéint. Lieweg, fir de Publikum, mat dem Publikum. Fir Clown, Gesang an Orchesterchen. Voller Iwwerraschungen. Kompositioun an Improvisatioun ginn aneneen iwwer. Hei normal verréckt, do vläicht e bëssen Dada. Alles an allem awer ?ganz flott dat do'!

Mam méi grouss besaten Ensemble, georges urwald & FLOTT interpretéieren de Joe Del Toe an de Georges Urwald haaptsächlech Neikompositiounen op Texter vu verschidde Lëtzebuerger Auteure vun Dicks bis Jemp Schuster, verstäerkt och op Texter vu jonke Lëtzebuerger Schrëftsteller.

Musek, faarweg besat, Arrangementer, erzieleresch geschwat, Kompositiounen, hausgemat, Improvisatiounen, onerwaart an net gefaart, Klonerei, scho vill zesumme gelaacht, suerge fir de gudden Owend.

Et spillen, sangen a laachen:
Joe Del Toe - Clownerei
Georges Urwald - Gesang, Piano, Arrangement a Kompositioun
Caroline Mirkes - Cello an Danz
Jeff Mack - Gesank an Trompett
Franz Schilling - Gesank a Gei
Anne Kaftan - Sopransaxofon a Bassklarinett
Franck Hemmerlé - Perkussioun
+ Iwwerraschungsgäscht...

90 Min. + 20 Min. Paus | TRIFOLION Agora

29.01.2022 - 20:00
Georges Urwald & FLOTT
Presentatioun vum neien Album
TRIFOLION Echternach
 
Preiskategorie Cat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 1
Jugendliche <27
 
Preiskategorie Cat. 1
Gruppe (ab 5 Erwachsene)