Wird geladen ...
2020-04-02_FENSTERDALL_Copyright%20Boshua

Fënsterdall

vum Pol Greisch

16.10.2020

TRIFOLION Echternach
2 Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH
Luxembourg


Kurzbeschreibung:



Dësen Owend ass en Hommage un e grousse Lëtzebuerger: den Thierry van Werveke. Seng läscht Roll war de Jean am ...
mehr

weiterleiten: 
 
 

Beschreibung



Dësen Owend ass en Hommage un e grousse Lëtzebuerger: den Thierry van Werveke. Seng läscht Roll war de Jean am Fënsterdall vum Pol Greisch. De 14. November 2008 huet hien nach d'Première am TNL gespillt, huet awer zwee Deeg dono an d'Klinik musse goen an ass e puer Wochen drop gestuerwen. Zum Gedenken un säin Doudesdag huet den TNL dëst Stéck nach eng Kéier opgeholl, ganz bescheiden, als gespillte Liesung, an bréngt et elo och op Iechternach.

Den TNL huet, am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung "Thierry !" 2018 am CNA zu Diddeleng iwwer den Thierry van Werveke, dëst Stéck nach eng Kéier opgeholl a presentéiert et elo och fir d'éischte Kéier zu Iechternach am TRIFOLION - ganz bescheiden, als gespillte Liesung, als "Mise en espace". A wann e Regisseur dem Thierry seng Roll liest, weess een, dass den Thierry net wierklech ze ersetzen ass.

Et fällt wéi mat Eemeren. D'Janine an de Jean, allebéid op Mountain-Bike, musse sech matzen am Bësch ënnerdaach stellen, soss versuppe s'am Bulli. Gottsäidank gerode se bei eng Häip: 't ass net gespaart, si ginn eran... Eng feierlech Musek kléngt hinnen entgéint... Drënner eng rau Stëmm: Wou waars de sou laang?

Mir sinn am Fënsterdall, kënnten ower grad esou gutt am Direndall sinn...oder soss éirewou op der Welt ënner Mënschen, déi no Léift verlaangeren, no Versteesdemech... wat dacks schwéier z'erreechen ass, well mer ze rabiat sinn, ze feig, ze egoistesch...

De Pol Greisch bleiwt an desem Steck sech trei. Awer nëmmen op den éischten Bléck. Op den zweeten geet hie ganz nei Wéer. Seng Figuren si mei verstréckt, aneneen, mateneen. Souguer d'Natur huet sech géint sie verbonn an deckt dat op, wat si verstoppe wëllen. Awer och am trageschste Moment blëtzt dem Pol Greisch seng Komik op.

Mise en espace: Andreas Wagner, Frank Hoffmann

Bühn a Kostümer: Dagmar Weitze

Musek: Cary Greisch

Luut: Zeljko Sestak

Garderob: Madelina Eischen

Mam: Frank Hoffmann, Christiane Rausch, Nicole Max, Serge Tonon

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Dauer: ca 65 Min. ouni Paus

16.10.2020 - 20:00
FENSTERDDALL, vum Pol Greisch
TRIFOLION Echternach
 
Preiskategorie Cat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 1
Jugendliche <27
 
Preiskategorie Cat. 1
Gruppe (ab 5 Erwachsene)
 
Preiskategorie Cat. 1
Gruppe (ab 5 Jugendliche)
 
Preiskategorie Cat. 2
Normalpreis
 
Preiskategorie Cat. 2
Jugendliche <27
 
Preiskategorie Cat. 2
Gruppe (ab 5 Erwachsene)
 
Preiskategorie Cat. 2
Gruppe (ab 5 Jugendliche)
Für ermäßigte Karten (Kinder, Studenten, sonstige) bitte melden Sie sich unter der +352 47 08 95-1 oder gehen sie zu einer unserer Vorverkaufsstellen.