Wird geladen ...
Konferenzzyklus slide

Lëtzebuerger Ouerewierm an hirer Zäit: Kulturgeschichten op Vinyl - Georges Urwald

Cycle de conférence Uni.lu 9/10

11.05.2020

CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK
Luxembourg


Kurzbeschreibung:

Georges Urwald (Education nationale), Referent.
Populär Lidder verroden eis sou muenches aus hirer an iwwert hir Zäit. All Lidd, dat glécklecherweis ...
mehr

Beschreibung

Georges Urwald (Education nationale), Referent.
Populär Lidder verroden eis sou muenches aus hirer an iwwert hir Zäit. All Lidd, dat glécklecherweis deemools vu Plackelabele wéi Discolux, Edy Noël oder Luxembourg Sound op Vinyl veréiwegt ginn ass, hält eis eng kleng Geschichtsstonn iwwert Kultur zu Lëtzebuerg, wann een esou wëll. 'Ouerewiermsänger' wéi Micky Erpelding, Mesy Faber, Juliette Nürenberg, Aly Bintz, Marcel Jander oder Hary Haagen (net ze vergiessen 'Kannerstaren' wéi Marie-Madelaine, Dany, De klenge Fernand oder Roby) sangen iwwert beléifte Fräizäitbeschäftegungen (Um Camping, Mäi Pony), Iessen an Drénken (Lëtzebuerger Spezialitéiten, Béierlidd vum Hary Fonck), d'Bild vun der Fra (Déi nei Blus, Déck oder dënn), Mobilitéit (De leschten Tram, Mir fléien op de Mound), Sport (Den Hunn op der Bunn, Futtballslidd) oder Moud (D'Miniräck, De Bibi).
Liddtexter a Musek ginn en Abléck an d'Gesënnungen an d'Haltunge vun de Leit, loossen 'Sounden', déi eng bestëmmten Zäit gepräägt hunn, an natierlech d'Interpreten, déi haut nach feste Bestanddeel an de Biografië vun der Nokrichsgeneratioun sinn, erëm opkléngen.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l'audiovisuel.
 

11.05.2020 - 19:00
Konferenzzyklus Uni.lu 9/10 - Georges Urwald
LËTZEBUERGER OUERWIERM AN HIRER ZÄIT:
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
 
Preiskategorie Kat. 1
Normalpreis
 
Preiskategorie Kat. 1
Jugendliche <26 (web)
Für ermäßigte Karten (Kinder, Studenten, sonstige) bitte melden Sie sich unter der +352 47 08 95-1 oder gehen sie zu einer unserer Vorverkaufsstellen.